
Éischte Schrëtt vun der Prozess Optiméierung ass d’Formaliséiere vum Ist-Prozess aus dem duerno de Soll-Prozess ofgeleet gëtt. Dat ass fir Administrativ a fir Produktiounsprozesser méiglech.
Bei déi verschidde Prozesschrëtt schreift der wéi eng Hëllefsmëttel der dofir braucht a wéi vill Zäit et kascht. Fir Produktiounsprozesser musst der jee no Produit oder Produktfamill ënnerscheeden déi der produzéiert.
Dëst ka ganz einfach op Pabeier gemaach ginn, mir perséinlech gefält awer och PowerPoint gutt dofir, einfach Këschten mat Text dran verbanne mat Feiler, et ass einfach an déi meescht hu PowerPoint souwisou installéiert.

Am zweete Schrëtt kuckt der Iech ären Ist-Prozess un, kuckt wat der kënnt verbesseren an analyséiert en op sougenannte “Verschwendung”.
Déi typesch Aarte vu Verschwendung sinn: Iwwerproduktioun, Waardezäit, Transport, ze vill Inventaire, onnéideg Beweegungen op der Aarbechtsplaz, Iwwerbearbeschtung vum Produit an Defekter déi net fréi genuch opfalen.
Et ass wichteg fir d’Erstelle vum neie Prozess är Mataarbechter mat an ze bannen, si hu bestëmmt interessant Proposen, et ass fir si interessant den Zesummenhang ze verstoen an et mécht Iech duerno d’Ëmsetzung méi einfach.

Am drëtte Schrëtt muss ären optiméierte Prozess um Terrain ëmgesat ginn.
Verdeelt dofir am beschten Responsabilitéiten a net Tâchen, den Ënnerscheed ass einfach: En Employé mat enger Tâche exekutéiert, en Employé mat enger Responsabilitéit muss kucken dass et klappt, dir musst him dofir awer déi néideg Fräiheete ginn. Et ass heibäi wichteg dass den Employé seng Responsabilitéit versteet a gären iwwerhëlt.
Wann der dozou Froen hutt oder Hëllef braucht mellt Iech gär bei mir:
